Gast Gibéryen: Fir e bessere Contrôle médical

De 9. Juli ass an der Chamber mat den ADR-Stëmmen e Gesetz ugeholl ginn, wat de Contrôle médical soll verbesseren an och personell besser opstellen. Fir d’ADR huet de Gast Gibéryen dat Gesetz begréisst. Hien hofft, datt mat méi Leit am Contrôle médical d’Qualitéit, d’Ofleef an och d’Berodung besser ginn. Hien huet awer och de Wonsch ausgedréckt, dat de Contrôle médical an Zukunft besser mat medizineschen Diagnose vu Spezialisten ëmgeet. Wann de Contrôle esou eng Analyse net wéilt akzeptéieren, misst e se vun engem aner Expär widderleeë loossen. De Contrôle médical kinnt schliisslech net fir all Spezialitéit en eegenen Dokter; deem  seng Ausbildung engem Spezialist géing entspriechen. Besonnesch Suerge mécht dem Gast Gibéryen d’Uklammen vu psychesche Krankheeten, dat 5 nei Psychologen am Contrôle médical verlaangt. D’Politik misst sech onbedéngt em d’erschreckend Progressioun vun esou Krankheete këmmeren, där hir Ausléiser dacks Stress a Mobbing sinn.

Deel dëse Post: