Gast Gibéryen: Et geet ëm d’Zukunft vum Land!

Bei der politescher Rentrée am Oktober geet et ëm net manner wéi d’Zukunft vu Lëtzebuerg, esou den ADR-Fraktiounschef Gast Gibéryen, deen den 12. September Invité vun der Redaktioun bei RTL war. D’Wuesstemsdebatt bleift e kruziale Punkt, un där d’Zukunft vu Lëtzebuerg ofhänkt a quasi all déi wichteg politesch Beräicher, ewéi de Logement, d’Mobilitéit an och de Klimawandel hänken domat zesummen. D’Regierung evitéiert dës wichteg Diskussioun, wou et geet, an entzitt sech esou hirer Verantwortung – e skandaléist Verhalen! D’ADR wäert de Wuesstem bei der politescher Rentrée dofir erëm ganz an de Virdergrond stellen. 

Skandaléis ass an den Ae vum Gast Gibéryen dann och, wéi d’Regierung an der Lescht mam Parlament ëmgaangen ass, et ass carrement probéiert ginn, der Oppositioun e Maulkuerf unzeleeën. Eppes ass jiddwerfalls sécher: D’ADR wäert bei der politescher Rentrée vill onkamoud Froen opwerfen, Alternativen opweisen, an dofir suergen, datt d’Regierung sech a wichtege Froen net hirer Verantwortung entzitt.

Deel dëse Post: