Gast Gibéryen: Äddi am Oktober!

Haut huet de Chamberspresident Fernand Etgen Post kritt: De langjäregen ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, deen 1989 vir d’éischt an d’Chamber gewielt gouf a bis haut ouni Ënnerbrach Deputéierte war, geet a Pensioun. Säi leschte Schaffdag ass den 13. Oktober 2020, Dag vun der Rentrée parlementaire.  Duerno wäert den Drëttgewielten op der ADR-Lëscht am Süden, de Fred Keup, seng Plaz um Krautmaart anhuelen. Bis dohi wäerte mir an der Partei awer sécher nach vill Geleeënheet hunn, fir him Merci ze soen a mat him ze feieren. De Gast Gibéryen war, wéi eis Photo erënnert, och laang Buergermeeschter vu Fréiseng.

De parlamentaresche Grupp vun der ADR huet mat engem Kommunikee op dës Noriicht reagéiert. 

Deel dëse Post: