Gasmangel – Wéi eng Energie fir eis Betriber?

Schonn am Abrëll huet den Energieminister Claude Turmes zouginn, datt am Fall vun engem Gasmangel fir d’éischt eis grouss Betriber ofgeschalt géifen. D’ADR huet doropshin e puer Mol bei der Regierung intervenéiert, fir ze wëssen, iwwert wéi eng Sécherheet a Previsibilitéit eis Entrepreneuren iwwerhaapt nach verfügen. De 25. August war dunn an der Presse ze liesen, datt vill Betriber nach iwwert Dieselaggregater verfügen, déi si am Fall vu Maintenanceaarbechten un hirer Gasinfrastruktur asetzen an dës och an der aktueller Situatioun e wichtegen Deel vun der Reserve kéinte bilden. Eenzege Probleem: den Asaz vu sou Apparater gëtt vum Staat op Stonne pro Joer autoriséiert. Geet d’Regierung op den noleiende Wee fir dës iwwerflësseg Reglementatioun zeréckzezéien oder op mannst auszesetzen?

Hei hu mir de weideren Asaz vun der ADR fir eis Betriber fir Iech dokumentéiert

Deel dëse Post: