Gambia-Parteien, Piraten an déi Lénk bradéieren eis national Souveränitéit!

D’ADR huet den 13. Juli 2022 eng Resolutioun an der Chamber abruecht, an där gefuerdert gouf, datt an Zukunft un all Referendum, deen Auswierkungen op Eckpfeiler vun eiser nationaler Souveränitéit huet (wéi z.B. Justiz an Diplomatie)  nëmmen ageschriwwe Wieler op de Lëschte fir d’Legislativwalen, mat Lëtzebuerger Nationalitéit an iwwer 18 Joer deelhuelen däerfen. Dës Resolutioun gouf mat 4 Jo-Stëmmen, 35 Nee-Stëmmen an 21 Enthalunge verworf. Folgend Parteien hu géint d’Resolutioun gestëmmt: DP, déi Gréng, LSAP, Piraten an déi Lénk. D’CSV huet sech enthalen.

Deel dëse Post: