Gambia mécht Reesen deier!

Kuerz virun der Ouschtervakanz koum d’Regierung nach mat engem vergëften „Kaddo“ fir déi Leit, déi wëllen an d’Ausland reesen.

D’Santé huet d’Dokteren am Land ugehalen, keng PCR-Tester méi ze verschreiwe fir Leit, déi reese wëllen. Dëst gëllt och fir Reesen aus familiäre Grënn. Wann d’Leit op eng Vakanzendestinatioun wëllen, wou en negativen Test gefrot gëtt, musse si den Test net nëmme selwer bezuelen, mee och e Rendezvous ouni Ordonnance froen, wou de Kalenner fir esou e Rendezvous ouni Ordonnance aktuell schonn esou gutt ewéi voll ass.

Esou e PCR-Test kann een awer net zu egal wat fir engem Moment maachen. Jee no Destinatioun an deenen do virgeschriwwene lokalen oder nationalen Oplagen, gëtt d’Testresultat nëmmen eng gewëssen Zäit fir gëlteg unerkannt. Dat bréngt net nëmme logistesch an organisatoresch Schwieregkeete mat sech, mee och finanzieller. Hei sief drun erënnert, datt déi Oplagen net nëmme fir Vakanze mam Fliger gëllen, mee och wann ee mam ëffentlechen Transport oder mam privaten Auto reest. Am Laboratoire muss een ëmmerhi 60 Euro fir esou en Test bezuelen. Kritt een do net an den néidegen Delaien e Rendezvous, kann ee sech och um Flughafen adre loossen. Dëst schléit dann awer richteg an d’Geld. Fir ee PCR-Test bezilt een do 169 Euro, fir d’Resultat bannent 12 Stonnen ze kréien, oder 119 Euro, fir d‘Resultat bannent 24 Stonnen ze hunn.

Esou huet e Stot mat 5 Persounen, dee sech um Flughafe muss adre loossen, e PCR-Test-Opschlag vu jeeweils 845 Euro (wann d‘Resultat bannent 12 Stonne muss do sinn) oder minimal 595 Euro (bei engem Delai vu 24 Stonnen). A well ee fir zeréckzereesen och e valabele PCR-Test brauch, muss een och am Ausland nach en Test bezuelen, wat jee no Land och ka richteg deier ginn. Och bei engem Test am Labo gëtt et deier, wou e 5-Mann-Stot 300 Euro (plus den Test beim Retour) méi bezuele muss ewéi geplangt, an dat just fir d’Rees iwwerhaapt duerfen ze maachen.

Fir d’ADR ass dës Decisioun vun der Regierung net akzeptabel. Si féiert onweigerlech zu enger sozialer Diskriminéierung beim Reesen. Vill Leit kënne sech esou en Oppräis fir déi PCR-Tester, weder am Labo nach um Flughafen, leeschten. Et handelt sech hei ëm eng substanziell Méibelaaschtung vun de Leit. D’Ursaach ass, datt d’Regierung net mat Zäite genuch Testméiglechkeete virgesinn huet, fir de Leit d’Reesen ze erliichteren.

Reesen ass och an der Covid-Zäit, ënnert deene virgeschriwwene Sécherheetsbestëmmungen,  erlaabt, an däerf net zu engem Privileeg fir déi ginn, déi besser gestallt sinn. D‘Regierung huet hei gewisen, datt si ouni soziaalt Gewëssen agéiert a logistesch iwwerfuerdert ass. Datt dës Decisioun och nach esou kuerzfristeg kënnt, mécht de Leit et nach méi schwéier, fir sech elo ze organiséieren.

 

Pressematdeelung vum 26. Mäerz 2021

 

 

Deel dëse Post: