G20: Wéi steet d’Regierung zu obligatoreschen Impfzertifikater?

D’ADR ass dofir, datt dat internationalt Reesen weiderhin mat allen offizielle Reesdokumenter vu bis elo, méiglech ass! Dat wat d’G20-Staaten am Kader vun hirem leschte Sommet an Indonesien decidéiert hunn, geet ze wäit! D’ADR wiert sech géint en Iwwerwaachungsstaat!

Parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser a Jeff Engelen: 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

An der offizieller Deklaratioun vum leschte G20 Sommet an Indonesien heescht et am Punkt 23: (…) Wir erkennen die Bedeutung gemeinsamer technischer Standards und Methoden der Bestätigung im Sinne der IGV (200%) zur Eleichterung des nahtlosen internationalen Reisens, der Interoperabilität und der Anerkennung digitaler und nicht digitaler Lösungen an, unter anderem in Bezug auf Impfnachweise. (…) dabei sollten die erfolgreichen bestehenden Standards und digitalen Covid-19-Impfzertifikate gewinnbringend und als Grundlage genutzt werden. 

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:

 

  1. Ass d’Regierung der Meenung datt fir international Reesen en digitale Covid-19-Impfzertifikat soll néideg sinn?
  2. Wéi verdréit sech déi Conclusioun vun de G20 mat dem Prinzip vum fräie Persouneverkéier an der Europäescher Unioun?
  3. Wéi verdréit sech déi Conclusioun mat de Rechter vun den net geimpfte Persounen, ëmsou méi well elo bekannt ass, datt d’Impfung d’Weidergi vum Virus un aner Persounen net verhënnert?

 

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen Deputéierten

Fernand Kartheiser Deputéierten

  

Deel dëse Post: