Fuerschung méiglechst fräi halen

Och an enger Welt, wou d’Sue regéieren, soll Fuerschung eng gewësse Fräiheet behalen fir hir Meenung ze soen. Dat schéngt engem Mataarbechter vun enger Diddelenger Start-UP am Ëmweltberäich awer net gutt bekomm ze sinn. No senger Kritik un der Regierung, déi net mat Zäit virum leschte groussen Héichwaasser gewarnt hat, ass hie vu sengem Patron entlooss ginn. Dee Mann huet eng politesch Reaktioun gefaart a wollt domat säi Betrib retten.  Wou Damp ass ass och Feier, a wann e Patron esou eng Regierungsinterventioun fäert, gëtt et vläicht e Präzedenzfall vun deem hie weess, oder? Eng Fro, déi de Fernand Kartheiser iwwer parlamentaresche Wee wëll klären.

 

Fro

E Lëtzebuerger Doktorand huet, no senger Kritik un der Regierung hirem Héichwaasser-Dispositiv seng Plaz bei enger Lëtzebuerger Start-Up verluer a Schwieregkeeten op senger Uni kritt. Et gëtt en Dementi vum Patron, vu Politiker oder der Regierung ënner Drock gesat ginn ze sinn. Hien hätt de Mann entlooss fir politeschem Drock aus dem Wee ze goen. Duerfir wëll ech dës Froe vun der Regierung beäntwert kréien:

  1. Wéi reagéiert d’Regierung op dës Situatioun? Bekennt si sech zum Prinzippie vun der Fräiheet vun der Wëssenschaft an zu der Meenungsfräiheet? Huet si schonn Drock op ekonomesch oder aner Entitéiten ausgesat fir eng wëssenschaftlech oder politesch Meenung ze ënnerdrécken, déi hir net gepasst huet?
  2. Wou kënne Wëssenschaftler, Instituter oder Entreprise reklaméieren, wann hir wëssenschaftlech Fräiheete vuPolitiker oder politeschen Entitéite mëssuecht ginn?
  3. Mat wéi enge Konsequenze misste Politiker rechnen, déi probéieren, wëssenschaftlech fundéiert Meenungen. déi hinnen net passen, ze ënnerdrécken?

Wéi stellt sech déi aarbechtsrechtlech Situatioun vun engem Wëssenschaftler duer, den wéinst sengen, der Politik onbequemen, wëssenschaftleche Resultater entlooss gëtt?  Misst hien net nees  engagéiert an indemniséiert ginn?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Här Premierminister, Staatsminister, vum Här Wirtschaftsminister, vun der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung op d’parlamentaresch Fro n°6279 vum 1. Juni 2022 vum honorabelen Deputéierte Fernand KARTHEISER

 Ad 1)

D’Regierung bekennt sich ausdrécklech zum Prinzip vun der Meenungs- a Fuerschungsfräiheet. Et ass eng gängeg Praxis, datt Wëssenschaftler an Experten sech kritesch mat der Regierungsaarbecht ausenanersetzen. Kritik un der Regierungsaarbecht ass an enger Demokratie en normale Virgang an ass a kéngster Weis verbueden oder onerwënscht. Deemno mécht och kee Regierungsmember Drock fir eng wëssenschaftlech oder politesch Meenung ze ënnerdrécken.

Ad 2)

Chercheure vun der Uni Lëtzebuerg, déi sech politeschem Drock géngen ausgesat gesinn, kënne sech un hir Hierarchie bei der Universitéit oder direkt un den Ombudsman vun der Universitéit wenden, dee keen hierarchesche Lien mam Recteur huet mee direkt dem Conseil de gouvernance rapportéiert. D’Universitéit ass och amgaang, Prozedure fir Whistleblower opzestellen, déi am Aklang si mat dem legale Kader, deen dofir virgesinn ass.

Ad 3)

D’Regierung verweist op hir Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°6299.

Ad 4)

D’Aarbechtsrecht applizéiert sech hei an d’Regierung ka sech net zu aarbechtsrechtleche Virgäng äusseren, iwwert déi si weder Informatiounen nach Afloss huet.

Deel dëse Post: