Froen zur zukünfteger Tramtrass an der Neipuertsgaass

Wéi een am Nationale Mobilitéitsplang 2035 noliese kann, soll d’Tramnetz an der Stad Lëtzebuerg via Neipuertsgaass, Royal Hamilius, Stäreplaz an Areler Strooss un de Centre Hospitalier ugebonne ginn. An deem Zesummenhank ass virgesinn, an der Neipuertsgaass, an zwar laanscht d’Kinnekswiss, Beem ofzeholzen, fir Plaz fir déi nei Tramtrass ze maachen, ouni dobäi déi bestoend Trassen (Foussgänger, Vëlosfuerer, Bussen an Autoen) ze tangéieren. Dëse Projet huet net nëmme fir Onrou bei enger Naturschutzorganisatioun gesuergt, déi kritiséiert, datt duerch déi nei Tramtrass an der Neipuertsgaass Beem ofgeholzt ginn, déi eng wichteg Roll beim Erofkille vun der Stad spillen a verschidde protegéiert Vullenaarten a Flantermais abritéieren, mee och bei der Vereenegung vun de Frënn vun der Festungsgeschicht, déi drop hiweisen, datt duerch d’Bauaarbechten an der Neipuertsgaass eventuell Deeler vu Festungsanlagen zerstéiert géifen, déi zum Deel just ee Meter ënner der Äerd leien. Wéi steet d’Regierung zu all dëse Bedenken?

 

Deel dëse Post: