Froen zum „Lëtzebuerger Online Dictionnaire“ LOD

En Dënschdeg, den 1. Dezember 2015, huet de Fernand Kartheiser an der Chamber e puer Froen zu Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) gestallt. Leider konnt d’Madame Kulturminister Maggy Nagel nëmme ganz vage Äntwerten op dem ADR-Deputéierten seng präzis Froe ginn! Fäerdeg soll de LOD ëm 2017 sinn.

D’Lëtzebuerger Sprooch kritt, och an hirer schrëftlecher Form, eng ëmmer méi grouss Bedeitung. Déi legal Basis vun der Orthographie geet op en Arrêté ministériel vum 10. Oktober 1975 an op e groussherzoglecht Reglement vum 30. Juli 1999 zeréck. D’Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt sech awer permanent weider.

Hei eng Rei Froe déi vum ADR-Deputéierte gestallt gi sinn:
– Wou sinn d’Aarbechte vum „Lëtzebuerger Online Dictionnaire“ LOD drun?
– Gëtt den Dictionnaire och a gedréckter Form publizéiert?
– Wéini ass dësen Dictionnaire iwwert dat komplett Alphabet ofgeschloss?
– Wat mécht de „Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch“ fir seng Missiounen ze erfëllen?
– Wéi ass d’Zesummenaarbecht tëschent der Equipe déi de LOD opstellt an der privater Initiativ „spellchecker.lu“?

Deel dëse Post: