Froen iwwert d’Kriminalitéit a Covid-Zäiten

An enger parlamentarescher Fro wëllen d’ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser a Fred Keup gewuer ginn, wéi sech a Covid-19-Zäiten d’Kriminalitéit zu Lëtzebuerg entwéckelt huet. Goufen et méi oder manner Iwwerfäll?

Wann de Minister houfreg drop ass, datt et a Corona-Zäiten während der Spärstonn manner Kriminalitéit gëtt, soll hien och d’Erklärung liwweren. Well déi Zuel erkläert sech éischter doraus, datt manner potentiell Affer ënnerwee sinn, wéi doraus, datt d’Zuel vu Kriminellen ofhëlt.

Deel dëse Post: