Froen iwwert den Trëntenger Dall

Den Ëmweltministère wëll bekanntlech ee grousst Naturschutzgebitt am Trëntenger Dall ausweisen, wat de betraffene landwirtschaftlechen Acteuren hir Liewensgrondlag a Fro stelle géif. Nieft de Baueren stinn och déi betraffe Gemengeresponsabel aus dem Oste vum Land dem Projet vum Ëmweltministère ganz kritesch géigeniwwer, a wëllen dass alles beim ale bleift. Et lafen awer aktueller Entrevuen tëscht Ministère a betraffene Lei, an an deem Kontext stellt sech déi grouss Fro ob den Ëmweltministère gewëllt ass, fir de Naturschutz-Projet am Trëntenger Dall z’iwwerdenken. D’ADR stellt sech op alle Fall hannert déi betraffe Bierger, et kann net sinn dass d’Regierung iwwert hir Käpp ewech, hir Existenz op d’Spill setzt fir mordikus ee Projet wëllen duerchzezéien ouni den Doleancen vun de Betraffenen Rechnung ze droen.

Deel dëse Post: