Froen iwwert déi militäresch Dimensioun vun der Weltraumpolitik

Den 10. Mee 2019 gouf e “Memorandum of Understanding” tëschent Lëtzebuerg an de Vereenegte Staate vun Amerika ofgeschloss. Inhalt vun dësem Traité ass d’Weltraumpolitik – och am Hibléck op déi militäresch a sécherheetsrelevant Dimensioun. Et ass en Traité, deen an den Ae vum Fernand Kartheiser vill Froen opwerft:

Hat den zoustännege Minister Schneider iwwerhaapt déi néideg Befugnisser fir dëst Dokument ze ënnerschreiwen? Muss esou en Dokument net als éischt vun der Chamber ratifizéiert ginn? Léisst sech aus dësem Deal eventuell Méi Kapital schloe wéi Ufanks geduecht?

Mat enger parlamentarescher Fro wëll den ADR-Deputéierten elo fir Kloerheet suergen.

Deel dëse Post: