Froen iwwert de Brand am Tunnel Grouft

D’ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos an den Zentrums-Deputéierten Tom Weidig wëllen an enger parlamentarescher Fro méi gewuer ginn iwwert de Brand am Tunnel Grouft.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister weiderzeleeden.

De 15. Juli hat am Tunnel Grouft op der A7 en Auto Feier gefaangen. Sou wéi d’Prozeduren et virgesinn, koum et zu enger Vollspärrung vum Tunnel. Mengen Informatiounen no stoungen d’Leit awer duerno laang virum Tunnel ze waarden, dorënner och e Bus mat eeleren Awunner vun engem Fleegeheim fir déi d’Waardezäit bei de summerlechen Temperaturen déi deen Dag geherrscht hunn, liicht zu kritesche Situatiounen hätte kënne féieren.

An deem Zesummenhang géife mir dem Här Banneminister gär dës Froe stellen:

  • Wéi eng Prozedur ass a sou engem Fall vun enger Vollspärrung fir d’Evakuatioun vun den Automobiliste virum Tunnel virgesinn? Wéi een zäitleche Kader ass duerfir virgeschriwwen? Wéi een Zerwiss huet duerfir d’Responsabilitéit?
  • Kann den Här Minister elaboréieren, wéi déi Prozedur an dësem Fall konkret ëmgesat gouf?
  • Ass eng separat Versuergung (z.B. Waasser) fir Leit mat Risiko virgesinn, fir de Fall, datt esou eng Evakuatioun sech zäitlech verzögert, zum Beispill opgrond vu besonneschen, technesche Komplikatiounen?
  • Op wéi eng Manéier gëtt mat de betraffene Membere vum Trafic kommunizéiert, fir ze vermeiden, datt et opgrond vun engem Mangel un Informatiounen zu Iwwerreaktioune respektiv Feelverhale kënnt?
  • Hunn d’Leit an esou engem Fall d’Recht den Auto ze verloossen a bis hannert d’Leitplanken ze goen, besonnesch am Hibléck op Déieren oder kleng Kanner déi a sou engem Fall vu Stëllstand gären onroueg ginn?

Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos / Tom Weidig

Deel dëse Post: