Froen iwwert d’Deontologie bei der Arméi

Bedéngt duerch e rezente Virfall stellt de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro un d’Arméisministesch, wéi déi Responsabel vun der Grondausbildung solle virgoen, wann e Rekrutt sech op eng Manéier äussert oder verhält, déi eendeiteg géint eis rechtsstaatlech Prinzippie verstéisst.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Arméiminister weiderzeleeden.

Rezent ass e Video op de soziale Medien opgedaucht, dee fir vill Opreegung gesuergt huet. Ze gesinn ass e jonke Rekrutt, deen un der „Instruction de base“ (IB) vun der Lëtzebuerger Arméi deelgeholl huet, dës awer net gepackt huet.  An deem besote Video äussert sech de Rekrutt eendeiteg antisemittesch – “(…) tirer sur les juifs (…)”. Iwwerdeems sech d’Regierung de Kampf géint den Antisemitismus op de Fändel geschriwwen huet, stellt sech d’Fro, firwat si an deem Fall nach net reagéiert huet.

An deem Kontext géif ech der Madamm Minister gär dës Froe stellen:

  1. Gouf d’Madamm Minister iwwert dee besote Video informéiert? Wa jo, wéini? Firwat gouf et bis dato keng offiziell Stellungnam vun der Madamm Minister?
  2. Huet d’Madamm Minister eventuell Informatiounen doriwwer, datt sech dee besote Rekrutt scho wärend der IB antisemittesch geäussert huet? Wa jo, wéi gouf dorop reagéiert?
  3. Wéi sinn allgemeng d’Prozeduren, wann de Responsabele vun der IB opfält, datt sech e Rekrutt op eng Manéier äussert oder verhält, déi eendeiteg net an Aklang ze bréngen ass mat eise rechtsstaatleche Prinzippien?
  4. Missten an den Ae vun der Madamm Minister net méiglech Prozeduren iwwerschafft ginn, respektiv, eemol agefouert ginn, déi sécherstellen, datt déi nei Rekrutten – natierlech am Respekt vun der politescher Neutralitéit vun der Arméi an dem Recht op fräi Meenungsäusserung – sech zu eise rechtsstaatlech Prinzippie bekennen? Wéi gëtt d’Musterung vun den zukünftege Rekrutten an där Hisiicht organiséiert?

Mat déiwem Respekt, Fernand Kartheiser

Deel dëse Post: