Froën iwwer Betribsnéierloossungen

An zwou parlamentaresche Froen probéiert den Deputéierte Fernand Kartheiser Detailler iwwer geplangten Industrienéierloossunge hei am Land gewuer ze ginn. An den Äntwerte vun de Ministeren sinn intressant Detailler iwwer de Käerjenger Projet mee och iwwer den Oflaf vum Kommodo-Inkommodo bei Industriebetriber.

Dobäi geet et zum engen ëm eng Steewollproduktioun zu Suessem, déi an der Lescht an de Schlagzeile war. D’Fro hei ass, wéi laang d’Geneemegungsprozedzur kann daueren an op esou eng Néierloossung muss geneemegt ginn, wann all reglementärt Oplage respektéiert ginn.

Den anere Betrib ass eng japanesch Chimiesfabrick, déi wëll op Käerjeng kommen, wou de Fernand Kartheiser doheem ass. Dës Fro adresséiert éischter d’Natur vun de geplangten Aktivitéiten. Den Deputéierte freet hei och no, wat méiglecherweis bei esou enger Produktioun u schiedleche Stoffer ufale kann.

Hei de Wuertlaut vun deenen zwou Froen:

Deel dëse Post: