Froen ëm d’Flüchtlingen an de Gemengeregëster

D’Gesetz vum 19. Juni 2013 iwwert d’Identifikatioun vu physesche Persoune gesäit am Prinzip vir, datt Flüchtlingen sech mussen an de Gemengen aschreiwen,an do op de Waardregëster (Registre communal d’attente) opgeholl ginn.

Dëse Regëster gëtt als Basis geholl fir d’Zuel vun der Populatioun ze bestëmmen an am Kader vum Walgesetz. Et sief hei drun erënnert, datt Auslänner, déi 5 Joer am Land wunnen, sech kënnen an d’Wielerlëschte vun de Gemengen androen.

Bei de ville Gesetzer, déi an de leschten Dezemberdeeg duerch d’Chamber gebaatscht goufen, schéngt dobäi nach, datt den Zesummenhang tëschent dem Gesetz iwwert de „Registre communal“ an de Gesetzer iwwert d’Flüchtlinge verluer gaangen ass, esou datt e am Abléck keng legal Basis kéint gi fir d’Flüchtlingen op de Waardregëster opzehuelen!

An deem Kontext huet de Fernand Kartheiser eng Rei Froen un de Banneminister gestallt.

Deel dëse Post: