[FRO UN DE BUERGERMEESCHTER] Terrain zu Beggen

Här Buergermeeschter,

Wéi et den Artikel(Art. 9) vun eisem Gemengereglement virgesäit, wéilt ech eng Fro un de Schäfferot stellen.

Zu Beggen, tëschent der rue Mathias Hertert an dem Bambësch, beim Lieu-dit Griecht, verlount d’Gemeng en Terrain. Dësen Terrain ass am PAG als „zone rurale“ klasséiert. Mengen Informatiounen no soll op dësem Terrain eng fest Konstruktioun opgeriicht gi sinn, déi als Päerdsstall déngt, a wou awer och en Auto ënnerdaach steet.

Dowéinst wéilt ech dem Här Buergermeeschter dës Froe stellen:

  1. Si meng Informatiounen richteg, datt d’Gemeng do en Terrain verlount, deen als Perch fir Päerd déngt? Op wéi eng Zäit ass den Terrain verlount respektiv verpacht ? Wéi sinn d’Prozeduren, fir esou Terrain vun der Gemeng ze lounen oder ze pachten ?
  2. Ass et richteg, datt op dësem Terrain eng Konstruktioun gebaut gouf? Huet d’Gemeng fir dës Konstruktioun op hirem Terrain explizit d’Geneemegung ginn?
  3. Nieft der Erlaabnis vum Proprietär – also der Gemeng – sinn do all Prozeduren respektéiert ginn, déi néideg sinn fir an enger zone rurale ze bauen ? Sinn d’Autorisatiounen accordéiert ginn ier mam Bau ugefange gouf?
  4. Am Fall wou d’Gemeng net explizit hiert Erlaabnis ginn huet, respektiv wann déi néideg Prozeduren net agehale gi sinn, wat wäert d’Gemeng dann ënnerhuelen ?

Mat déiwem Respekt

Marceline Goergen
Gemengeconseillère

Deel dëse Post: