Fridhaff: eng Deponie ënner Opsiicht

D’Deponie Fridhaff gëtt vu ville Leit ënnert d’Lupp geholl. Et goufen am Laf vun der Zäit ëmmer nees Froen a Schwieregkeeten. An esou ass dem Gast Gibéryen och zougedroe ginn, datt et an der Lescht zu Onreegelméissegkeete koum: Waasser ass aus engem Gasrouer ausgetratt, an den ADR-Deputéierten huet eng parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn, wat fir Substanzen do dra waren. Hie wëll och wëssen, ob a firwat Camione mat Buedem an der Deponie ofgelueden hunn, ouni virdrun op der Wo ze passéieren.

Deel dëse Post: