Friddenseffort: Net ouni d’USA!

Et war en Hoffnungsschimmer, den Deal, deen d’USA mam Iran ausgehandelt hunn. Datt Amerika elo aus dësem Accord ausgetrueden ass, ass dohier bedauernswäert. De Fernand Kartheiser betount a senger Interventioun vum 15. Mee awer, datt d’Entscheedung vun den USA novollzéibar ass well den Accord vun Ufank un net gutt war a vill Schwächten hat. Esou goufen z.B. déi militäresch Uran-Capacitéiten zwar reduzéiert, awer net eliminéiert. Et goufen dann och eng ganz Rei u Verstéiss vum Accord vu Säite vum Iran festgestallt. Den ADR-Deputéierte plädéiert dofir, d’Situatioun am noen Oste realistesch ze gesinn: Den Iran ass mat dee gréisste Faktor vun der Destabiliséierung a finanzéiert terroristesch Aktivitéiten.  De Rakéiteprogramm gouf an de leschte Jore konsequent ausgebaut, sou datt iranesch Rakéiten elo och Europa erreeche kënnen. Europa huet all Interêt drun, weiderhin diplomatesch Bezéiunge mam Iran ze ënnerhale fir sech fir Sécherheet an der Welt, awer och fir d’Mënscherechtssituatioun am Iran anzesetzen. De Fernand Kartheiser plädéiert dofir, mat eise wichtegste Partner en neien Accord auszehandelen. Eis Friddensefforte si just credibel, wa mer zesummeschaffen an net géintenee.

Deel dëse Post: