Fred Keup – Invité vun der Redaktioun

Um Méindeg de Moie war den Nationalpresident Fred Keup Invité vun der Redaktioun bei RTL. Am Interview mat der Journalistin Annick Goerens huet de Fred Keup däitlech gemaach datt d’ADR net nëmmen eng konservativ Partei ass, mä och eng sozial, dat well d’Partei jo aus dem Gewerkschaftszeen kënnt an dat géif sech och net ënnert him änneren. D’ADR géif op alle Fall net weider no riets réckelen. Och en Vue vum Waljoer 2023 bleift d’Partei hirer Linn trei. Sprooch, Kultur, alles wat Lëtzebuerg ausmécht, dat sinn d’Haaptakzenter an der ADR-Walcampagne. Dann war et vum Fred Keup och nach d’Prezisioun datt een ëmmer méi Zoulaf kritt, all Woch kéimen op d’mannst eng Dosen nei Membere bäi.

Deel dëse Post: