Fred Keup, den Invité vum Dag um Radio 100,7

Den neien Nationalpresident war den 30. Mäerz Invité vum Dag beim Journalist Maurice Molitor um Radio 100,7. Am Interview huet sech de Fred Keup den Aarm net béie gelooss,  an huet dorobber higewisen datt d’ADR eng sozial Partei ass! Dowéinst huet de Parteichef och d’Pläng vun der Regierung, fir déi wahrscheinlech Indextranche vun dësem August bis Abrëll 2023 auszesetzen, schaarf kritiséiert! Déi richteg Äntwert op déi ablécklech economesch Kris wier villméi eng Reduktioun vun den Energiepräisser, un deenen hirem aktuell héijen Niveau d’Regierung mat Schold ass!

Deel dëse Post: