Fraudë beim Lëtzebuergesch-Examen am INLL

Viru Kuerzem ass eis e Skandal am Zesummenhang mam Lëtzebuergesch-Examen am INLL zu Ouere komm. De Fernand Kartheiser huet dozou puer Froen un de Schoulminister:

Fro:

Op Internet si Bicher opgedaucht, déi déi integral Texter vum Sproochenexame Lëtzebuergesch am INLL erëmginn an op eng aner Sprooch − an deem Fall, deen eis zu Ouere komm ass, ass dat Russesch − iwwersetzen. Wann et och international net onüüblech ass, datt esou Tester oder Beispiller vun Examensfroe publizéiert ginn, dann ass awer hei festzehalen, datt dës Texter bis elo net offiziell publizéiert waren an datt déi Bicher also op Informatioune baséieren, déi sech aller Wahrscheinlechkeet no illegal beschaaft goufen.

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister dës Faite confirméieren?
  • Wa sech déi Texter effektiv illegal beschaaft goufen, huet den INLL oder den zoustännege Ministère eng Plainte gemaach?
  • Wéi eng Konsequenzen zitt de Ministère aus dësem Virgang, och am Hibléck op de Sproochenexamen?
  • Anscheinend freet den Auteur vun deene Bicher och nach „droits d’auteur“. Sollten d’Texter illegal beschaaft gi sinn, wéi stellt sech de Ministère zu der Fro vun den „droits d’auteur“?
Deel dëse Post: