Fraudë bei der Krankeversécherung

Ginn et iwwerhaapt Estimatiounen, wéi héich de Volume vun de Fraudë bei der Krankeversécherung ass? De Jeff Engelen freet beim zoustännege Minister no.

Fro:

Wéi een an der Press vum 8. Juni 2023 noliese kann, huet d’Krankekeess d’lescht Joer eng negativ Bilanz vun 41,6 Milliounen Euro gemaach, wat bedeit, datt déi global Reserv weiderhin ofhëlt. Mat Sécherheet droen och Frauden am Beräich vun der Krankeversécherung zu dësen Abousse bäi.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Mécht de Ministère fir d’Sozial Sécherheet Estimatioune bzw. Statistiken, wat de geschätzte Volume ugeet vun de Frauden am Beräich vun der Krankeversécherung? Wa jo, kann den Här Minister eis dës Estimatioune bzw. Statistike matdeelen? Wann nee, firwat ginn esou Estimatioune bzw. Statistiken net gemaach?

Äntwert:

Am Allgemengen ass et net méiglech de genaue “Schued”, deen d’Gesondheetskeess (CNS) duerch
potentielle Bedruch, dovu gedroen huet ze bestëmmen. Och um internationalem Niveau gëtt et wéineg
zouverlässeg a konkret Donnéeën.
Fir awer den Impakt vum konstatéierten Bedruch, dem Mëssbrauch an de Feeler am Beräich ze
moossen, huet d’CNS, a méi spezifesch de Service „Lutte Abus et Fraude“, verschidde „Key Performance
Indicators“ (KPI) fixéiert, op Basis vun deenen d’Ausmooss an d’Evolutioun vum konstatéierte Bedruch,
deen am Kader vun de Kontrolle festgestallt ginn ass, kann evaluéiert ginn.
Dës KPI, déi reegelméisseg an de järleche Rapporte vun der CNS publizéiert ginn, bestinn engersäits aus
quantitativen Elementer wéi :
1. D’Unzuel un oppenen Dossieren (pro Joer);
2. D’Unzuel un Dossieren mat engem strofrechtlechen1 Suivi (pro Joer);
3. D’Unzuel un Saisinen vun der Commission de surveillance de la sécurité sociale2 (pro Joer).
Och wann de Kampf géint de Bedruch an de Mëssbrauch sech op déi strofrechtlech Aktioune
konzentréiert duerch déi ee méi konkreten Ausmooss vum Schued op Käschte vun der CNS ka
festgestallt ginn, ass et awer och wichteg de wesentlechen Aspekt vun der Präventioun ervir ze hiewen,
deen et erméiglecht e potentielle Schued ze limitéieren.
Fir déi zwee Faktore “Repressioun” a “Präventioun” ze representéieren, gëtt et e 4. dediéierten KPI,
deen de “geschätzte Betrag un detektéiertem a gestopptem Schued” duerstellt an esou eng méi cibléiert
finanziell Dimensioun vun der Bekämpfung géint d’Feeler, de Bedruch an de Mëssbrauch an der
Krankeversécherung an an der Fleegeversécherung erëmgëtt.
Esou kann also festgestallt ginn, dass de Betrag vum fréizäiteg detektéierte a gestoppten Schued, säit
dem Ufank vun der Erhieweung am Joer 2021 (op Basis vun den Dossieren aus dem staark vu Covid-19
betraffene Joeren 2020 an 2021) a konstanter Progressioun ass.

Tëscht Enn 2021 an Enn 2022 konnt eng Augmentatioun vu 4 Milliounen Euros verhënnertem Schued
festgestallt ginn (7 Milliounen Euros Enn 2021, 11 Milliounen Euros Enn 2022).
En effikasse Kampf géint de Mëssbrauch, de Bedruch an d’Feeler ass e wichtegt Element am System vun
der sozialer Sécherheet. Dofir wäert d’Gesondheetskeess weiderhin dem Volet vun der Präventioun,
dem Noweis an de Sanktiounen eng grouss Wichtegkeet accordéieren.

1 Plaintes et Dénonciations sur base de l’article 23 du Code de la procédure pénale

2 Article 73 du Code de la sécurité sociale

 

 

 

Deel dëse Post: