Franséisch Orthographiesreform a Konsequenze fir Lëtzebuerg

De Fernand Kartheiser huet sech an enger parlamentarescher Fro fir d’Konsequenzen interesséiert, déi d’franséisch Orthographiesreform fir Lëtzebuerg huet. Bei eise Noperen war jo decidéiert ginn, Recommandatioune vu 1990 fir d’neit Schouljoer a Schoulbicher ze iwwerhuelen. Den ADR-Deputéierten ass awer och drun interesséiert, gewuer ze ginn, op déi däitsch Reform, déi 2005 hei am Land emgesat ginn ass, e spierbaren Afloss op d’Resultater am Fach Däitsch hat.

Deel dëse Post: