Franséisch: d’Sprooch “par défaut” um Site vun der Police

D’Frankophoniséierung vum Land dréckt sech och doran aus, datt Franséisch d’Sprooch “par défaut” um Site vun der Inspection générale vun der Police ass. D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Am Aktivitéitsrapport 2024 vun der Inspection générale de la Police (IGP) liest een am Hibléck op den Internetsite vun der IGP: « Depuis début 2018, le site Internet de l’IGP se présente en quatre langues, à savoir en français, allemand, luxembourgeois et anglais, ce qui permet à un plus grand public de s’informer sur les activités de l’administration. En 2024, le site internet de l’IGP a enregistré 6.051 visites (comparé à 5.551 visites en 2023), réalisées par 4.514 visiteurs uniques. Dans le cadre de ces visites, 12.914 pages ont été consultées, par rapport à 12.405 pages en 2023. Quant aux versions linguistiques préconisées par les internautes, force est de constater que le français demeure de loin la langue de consultation préférée du site avec 73,7 %, devant l’allemand (16,5 %) et l’anglais (8,1 %). Les consultations en langue luxembourgeoise sont très rares (1,7 %). »

Dës Formuléierunge suggeréieren, datt eis Nationalsprooch als “Konsultatiounssprooch” op Internet extreem onbeléift ass, a verschweigen, datt Franséisch d’Sprooch “par défaut” vun der IGP-Homepage ass. Wann – wéi bei ville staatlechen Homepagen – Franséisch als Standardsprooch aprogramméiert ass, da gëllt: E groussen Deel vun den Notzer bleift automatesch an der Sprooch „par défaut“. Dat verfälscht den Androck vun enger bewosster „Sproochepräferenz“ a mécht déi am Aktivitéitsrapport vun der IGP implizéiert Schlussfollgerung iwwer déi „geréng Attraktivitéit“ vum Lëtzebuergesche methodesch problematesch.

An deem Kontext hu mir follgend Froen un d‘Regierung:

  1. Kann d‘Regierung confirméieren, datt Franséisch op der Homepage vun der IGP als Standardsprooch („par défaut“) aprogramméiert ass?
  2. Ginn déi ernimmte Prozentsätz op Basis vun aktiv ausgewielte Sproochversiounen erhuewen oder berécksiichtegen si och automatesch geluede Säiten an der Standardsprooch („par défaut“)?
  3. Gëtt statistesch erfaasst, ob en Notzer d‘Sprooch aktiv gewiesselt huet?
  4. Hält d‘Regierung déi am Aktivitéitsrapport 2024 vun der IGP gewielte Formuléierung fir methodesch ugemiess, wann net transparent erkläert gëtt, wéi eng Sprooch „par défaut“ gewielt gëtt?
  5. Plangt d‘Regierung, bei staatlechen Internetsäiten an Zukunft méi transparent tëscht „aktiv gewielter Sprooch“ an „Sprooch par défaut“ ze ënnerscheeden?
  6. Plangt d’Regierung, d‘Siichtbarkeet vun der lëtzebuergescher Sproochversioun vu staatleche Websäiten ze verbesseren?
  7. Kéint d’Regierung Lëtzebuergesch net als Sprooch „par défaut“ fir all hir Internetsäite benotzen oder op d’mannst et technesch esou ariichten, datt d’Sprooch zoufälleg gewielt gëtt?

Äntwert:

1.
Déi standardméisseg Astellung vun der Sprooch hänkt dovunner of, iwwer wat fir eng URL Domaine- Adress ee sech op d’Säite vun der Lëtzebuerger Regierung (SIP) begëtt. Hëlt een als Entrée gouvernement.lu, da sinn all Säiten, déi drun hänken, standardméisseg op Franséisch agestallt, wat och normal ass. Den Notzer deen d’Säit op Lëtzebuergesch wëll kucken a liesen, kann dat natierlech am Sproochemenü astellen. Wann den Notzer iwwer regierung.lu op ee Portal era geet, da ginn d’Säite vun de Ministèren a Verwaltungen automatesch op Lëtzebuergesch op. An der Lëscht vun de Verwaltunge fënnt een dann och d’IGP mam Numm op Lëtzebuergesch, “Generalinspektioun vun der Police“. Wann een déi uklickt, kënnt een direkt op déi standardméisseg lëtzebuergeschsproocheg Astellung vun der Säit. Et muss een net am Sproochemenü wiele fir Lëtzebuergesch ze kréien.
2.
Et gëtt keen Ënnerscheed tëschend ausgewielten oder automatesch agestallte Sproochen gemaach. Dëst as och esou am Rapport annuel vun 2025 ze gesinn.

3.
Dëst gëtt aktuell net statistesch erfaasst.
4.
Et ass eng faktesch Beschreiwung vun der Benotzung vum Site vun der IGP.
5.
Esou wei an der Äntwert op d’Fro 1 beschriwwen, hänkt et dovunner of, iwwer wat fir eng URL Domaine-
Adress een sech op d’Säite vun der Lëtzebuerger Regierung begëtt. Dëst ass en Deel vun de Beméiungen an der Aarbecht vun der Regierung, fir eis Lëtzebuerger Sprooch vill méi visibel an zougänglech ze maachen.
6. an 7.
Déi genannte Statistik bestätegt d’Aarbecht an de Wëlle vun der Regierung, fir eis Lëtzebuerger Sprooch grad och am virtuelle Raum vill méi visibel ze maachen. A puncto Sprooche sollen d’Internetsäite vun der Lëtzebuerger Regierung, de Ministèren an de Verwaltungen esou wuel praktesch a verständlech fir d’Notzer sinn an zugläich, wou a wéi och ëmmer, d’Lëtzebuergescht promouvéieren. An deem Sënn ass de Kulturministère op zwee Niveauen aktiv:
– Fir déi adäquat standardméisseg Astellung vun de Säiten (dat wat d’honorabel Auteuren an hirer Fro “Sprooch par défaut” nennen) technesch esou ëmzesetzen, datt den Notzer net all Kéiers muss seng gewënschte Sprooch aktiv eraussichen, gëtt et ënner anerem véier Méiglechkeeten, nämlech d’Geolokalisatioun, ënnerschiddlech URL Domaine-Adressen, Cookies pro Websäit oder eemoleg Wiel bei Säiten, wou den Notzer e Konnt muss erstellen. De Kulturministère wäert mam Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) iwwerpréiwen, wat fir eng Method fir wat fir eng Zort Websäit déi relevantst ass.
– Et ass an dësem Punkt schonns ganz vill geschitt. Als Beispill sief déi offiziell Internetpresenz vun der Lëtzebuerger Regierung genannt: Wann een als Domaine “gouvernement.lu” agëtt, dann ass déi standardméisseg agestallte Sprooch fir dëse Site a fir déi vun de Ministèren, Franséisch. Geet een awer op d’Adress “regierung.lu”, da kritt een déi gewënschte Säit automatesch op Lëtzebuergesch.
– Nieft der technescher Ëmsetzung schafft de Kulturministère virun allem un der sproochlecher Qualitéit vun deene Säiten op Lëtzebuergesch. Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) konzipéiert spezifesch Glossären op Lëtzebuergesch fir déi verschidde Ministèren a Verwaltungen. Virun allem formuléiert den ZLS Recommandatioune fir d’administratiivt Schreiwen, wat den eenzelne Verwaltungen et méi liicht wäert maachen, hier Informatiounen am Internet nach besser op Lëtzebuergesch auszedrécken.

Deel dëse Post: