Frankräich wëll en Deel vun der Lounsteier vun de Frontalieren!

Am franséische Senat huet de franséischen Europa- an Ausseminister, Jean-Yves le Drian, d’Fuerderung opgestallt, Lëtzebuerg misst een Deel vun der Lounsteier déi déi franséisch Frontalieren zu Lëtzebuerg bezuelen u Frankräich iwwerweisen! Dëse Punkt soll dann och schonns d’nächst Woch, den 20. Mäerz, zu Paräis mat der Lëtzebuerger Regierung verhandelt ginn.

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet direkt gehandelt. An enger dréngender Fro un de Finanzminister wëll den Deputéierte wëssen, wéi Lëtzebuerg op dës Fuerderung wëll Reagéieren.

Leider fënnt de Chamberspresident, datt dës Fro net dréngend ass, obschonns Decisiounen a 4 Deeg falen an d’Regierung elo 1 Mount Zäit huet, fir ze äntweren!

Deel dëse Post: