Frankenstein-Koalitioun mat gestéiertem Verhältnis zum Land

De Fernand Kartheiser huet de 27. Abrëll an der Chamber eng Brandried gehalen. Wat him guer net gepasst huet war ee vun de leschte Sätz an der Ried zur Lag vun der Natioun an d’Behaaptung, d’Regierung géing keng ideologesch Politik maachen. An dee Saz huet hien a senger Ried auserneegeholl a widderluecht.

Ugefaang huet hie mam Geschichtsversteesdemech vun der Regierung, déi historesch wichteg Evenementer scho bal ënnert den Teppech kiert an iwwerhaapt e gestéiert Verhältnis zum Land hätt. Gambia hätt e stéiert Verhältnis zum Land, seet den ADR-Deputéierten. Si géing regelrecht Krich féieren géint d’Kierch, géint d’Traditiounen a géint d’Famill. Am Zesummenhang mat Leihmutterschaft a GPA huet hien d’aktuell Regierung mam Dr Frankenstein verglach, well si och Technologien erlaabt, déi si net beherrsche kann. An der Schoul géing si kapituléiere virun der gesellschaftlecher Situatioun a weder op eng Integratioun vun de Schüler nach op d’Qualitéit vum Unterricht setzen. Esou grouss wéi de Bildungsmisär wär just nach d’Mësstrauen, dat si den Eltere géing entgéintbréengen.

Deel dëse Post: