Fraenhaiser a Wunnengsnout

Et liest een am Virfeld vum Weltfraendag (8. Mäerz) op ville Plazen an der Press, datt d’Wunnengsnout hei am Land zwar a priori jiddereen treffe kann, mee datt Fraen dovu méi betraffe wiere wéi Männer. Et gëtt och oft een Zesummenhank tëscht der Wunnengsnout an den angeblech iwwerfëllte Fraenhaiser etabléiert. Vill Fraen, déi vun hirem Partner mësshandelt goufen, wieren zugläich vun him finanziell ofhängeg a missten dofir soulaang an engem Fraenhaus bleiwen, bis si eng nei Wunneng fonnt hätten, wat awer fir si extrem schwiereg wier, well d’Wunnengspräisser an deene leschte Joren däitlech an d’Lut gaange sinn. Ginn et Statistiken doriwwer, wéi vill vun dëse Fraen no hirem Openthalt eng nei Wunneng fannen, a wéi vill der zréck op hir al Adress wunne ginn? A wéi enger Form hëlleft de Staat dëse Fraen, eng nei Wunneng ze fannen?

Deel dëse Post: