Fraen hunn e Recht, sech zu all Moment fräi beweegen ze kënnen!

D’Police réit am Joer 2021 de Fraen zu Lëtzebuerg, owes net méi eleng op d’Strooss ze goen. Wat ewéi e schlechte Witz kléngt, ass fir d’ADR Fraen eng Bankrotterklärung vun der Regierung, déi si net einfach esou hinhuele kënnen. Wat si am Kader vum internationale Fraendag fuerderen, misst eigentlech eng Selbstverständlechkeet sinn: Fraen zu Lëtzebuerg sollen sech zu all Moment an iwwerall fräi beweege kënnen. Am Kader vun hirem Protestpiquet virum Ministère fir bannenzég Sécherheet vum 6. Mäerz fuerderen d’ADR Fraen an deem Kontext e méi haart Duerchgräife vun der Police: Keng Kompromësser, wann et ëm d’Sécherheet vun de Fraen a vun alle Bierger geet. Dozou gehéiert och d’Recht vun der Police, e richtegen an eescht gemengte Platzverweis ausschwätzen ze däerfen.

Eis Regierung mécht vill Show an Theater, wann et ëm d’Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra geet. Datt Fraen owes net méi eleng op d’Strooss solle goen, schéngt Gambia2 awer net méi a Fro ze stellen. Wat ass dat eigentlech fir e krankt Gesellschaftsbild vun eiser Regierung? 

Deel dëse Post: