Fraen am Lëtzebuerger Fussball

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Députéierten Jeff Engelen.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

De Sport zu Lëtzebuerg entwéckelt sech permanent, souwuel national wéi international. Besonnesch de Leeschtungssport erfuerdert vun den Athleten en honnertprozentegen Engagement a bréngt ëmmer nees ganz bemierkenswäert Resultater.  A bestëmmte Sportaarte kéinten awer nach Progrès gemaach gi fir e kontinuéierlechen Training op héchstméiglechem Niveau ze erméiglechen.

Zu dësen Disziplinne gehéieren och verschidden Dammesportaarten an deenen et wuel Fortschrëtter gouf, awer nach méi kéint gemaach gi fir méi Fraen zu dem Schrëtt a Richtung Professionaliséierung ze encouragéieren.

An deem Kontext hätt ech folgend Fro un den Här Minister:

  • Wéi gesäit den Här Minister d’Zukunft vum Dammefussball zu Lëtzebuerg? Wat sinn déi nächst Schrëtt fir d’Professionaliséierung vun de Fraen am Fussball a wéi ass d’Zesummenaarbecht mat de Veräiner? Gëtt et finanziell Hëllef fir dës Disziplin? Wann jo, wéi eng?

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir d’Äntwert vum Sportsminister.

Deel dëse Post: