Fräiwëlleg Demissioune wéinst Corona

D’Coronakris bedeit fir vill Beschäftegter eng grouss Belaaschtung. Am Géigesaz zu enger „normaler“ Wirtschaftskris, wou d’Salariéen haaptsächlech ënner der Angscht leiden, hir Aarbechtsplaz ze verléieren, huet d’Coronakris dozou gefouert, datt vill Beschäftegter fräiwëlleg gekënnegt hunn. Dobäi handelt et sech ganz oft ëm Beschäftegter aus Secteuren, déi besonnesch staark vun der Kris betraff sinn, wéi de Gesondheetssecteur, d’Logistik, d’Finanzbranche an d’Gastronomie. An den USA huet dësen Trend schonns een neie Begrëff entstane gelooss: „The Great Resignation“. Wéi vill Leit hu säit Ufank vun der Pandemie fräiwëlleg gekënnegt, an zwar wéinst der Kris? 

Deel dëse Post: