Fräihandel ass wichteg, mä …

Fräihandel an der Welt war den Thema vum Roy Reding, während enger aktueller Stonn de 27. Juni an der Chamber. Den ADR-Deputéierten huet d’Wcihtegkeet vu weltwäiten Handelsréseauen ënnerstrach, besonnesch fir esou e klengt Land wéi Lëtzebuerg. De Roy Reding huet drop higewisen, datt d’Welthandelsorganisatioun WTO aus enger Rëtsch Grënn wéineg Succès an de leschte Joeren hat. Trotzdeem wär dës Organisatioun extrem wichteg, wat den Handel an der Welt ugeet, a si misst och weider Efforte maachen fir nei Formen vun Arbitrage ze fannen. Et géing wuel an Zukunft méi em sektoriell Accorde goen. Och d’Evaluatioun vun den Auswierkunge vun Handelsverträg op d’Länner, déi se ënnerschreiwen, an hei besonnesch d’Entwécklungslänner, wär néideg.
Oppasse misst d’WTO awer och op Produiten, déi ënner katastrophale Bedingungen (fir déi betraffen Aarbechter oder fir d’Ëmwelt) géingen hirgestallt ginn an doduerch an enger Zort Dumping och nach déi bëllegst um Maart wären. De Roy Reding huet awer och drop higewisen, datt kleng Beuerebetriber, wéi zum Beispill déi Lëtzebuerger, an engem fräie Welthandel géint Agro-Groussbetriber keng Chance hätten, wann et net entweder Subventioune fir eng oder méi Taxe fir déi aner gëtt.

Deel dëse Post: