Fräi Tribün zur Flüchtlingspolitik

E Méindeg, den 9. November 2015, huet de Fernand Kartheiser op RTL an op 100,7, am Kader vun der „Tribune libre“, Stellung bezunn zu der Flüchtlingspolitik an hire Konsequenzen op Lëtzebuerg.

Den ADR-Deputéierten huet dobäi bedauert, datt Leit, déi sech regroupéieren fir hir Bedenken zur aktueller Flüchtlingspolitik ze äusseren, diskreditéiert ginn an an de rietsen Eck gedréckt ginn. De Fernand Kartheiser verlaangt en éierlechen Dialog mam Bierger!

Den Deputéierten huet erënnert, datt Däitschland, géint all europäesch Regelen, d’Diere fir d’Immigratioun grouss opgemaach huet, mat alle Konsequenzen, déi dëst fir Europa no sech zitt.

D’ADR verlaangt sécher Grenzen an eng kontrolléiert a verantwortlech Migratiounspolitik mat strenge Kritären.

Deel dëse Post: