Fräi Tribün vum ADR-Generalsekretär Alex Penning

Mir hunn 2020, wat e Joer wéi keen anert war, hannert eis gelooss. Villes ass geschitt, zënter Lëtzebuerg – grad ewéi vill aner Länner – Uganks vum leschte Joer mam Coronavirus konfrontéiert gouf. Zënter hier huet sech esou munches an eisem Land an an eiser Gesellschaft verännert. 
Als Oppositiounspartei kënnt d’ADR hirer Aufgab also no, an dëst an aller Seriositéit. Et ass wichteg, d’Moossnamen, déi d’Regierung hëlt, lafend op hir Pertinenz, Effikassitéit an Noutwennegkeet hin ze iwwerpréiwen. D’ADR huet dowéinst ëmmer nees verschidde Moossname vun der Regierung op Basis vun den Entwécklungen hei am Land a vun internationalen, wëssenschaftlechen Etüden an Aussoen kritesch hannerfrot.

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: