Fräi Tribün um Radio: Fred Keup seet Gast Gibéryen Villmools Merci!

De Fred Keup ass dem Gast Gibéryen an och der ADR immens dankbar. De studéierte Geographiesproff freet sech op seng nei Aufgab als Deputéierten, an ass frou datt hien elo e puer Joer Zäit huet fir sech, bis déi nächst Walen anzeschaffen. De Fred Keup bleift senger Linn trei an erënnert un déi 80% vun der Populatioun déi 2015, beim Referendum iwwer d’Auslännerwalrecht, Nee gesot hunn. De Fred Keup ass dann och nach houfreg fir konservativ Wäerter ze stoen, dat wär hei am Land politesch nëmmen nach bei der ADR méiglech.   

Lauschtert hei déi ganz Fräi Tribün. (Audio: 3’10”)

Deel dëse Post: