Déi aktuell Situatioun op den internationalen Energiemäert weist ganz kloer, datt d’Energiekris nach laang net iwwerstanen ass. Wärend aner Länner mat geziilte Moossname reagéieren, fir hir Bierger bei den héije Spritpräisser ze entlaaschten, bleift d’Lëtzebuerger Regierung bis elo passiv. Besonnesch Familljen, Betriber a Bauere geroden doduerch ëmmer méi ënner finanziellen Drock. D’ADR fuerdert eng realistesch a sozial gerecht Energiepolitik, déi d’Realitéit um Terrain unerkennt an d’Fräiheet vun de Bierger respektéiert.