Formatioune fir kommunal Museksproffen

Wéi eng Lacunne ginn et am Ablack, wat d’Offer vu Formatioune fir kommunal Museksproffen hei am Land ugeet? De Fred Keup huet beim Schoulminister nogefrot.

 

Fro:

De Museksunterrecht an de Gemengen ass vu grousser Bedeitung fir d’Kulturliewe vum Land. Fir datt deen Unterrecht op engem konstant héijen Niveau stattfënne kann, mussen d’Museksproffen, déi vun de Gemengen agestallt ginn, Weiderbildungscoursen besichen, déi vum Schoulministère bzw. vum IFEN ugebuede ginn. Leider weise verschidde Museksproffen drop hin, datt et bei där Offer Lacunne gëtt, déi sech laangfristeg net nëmmen op d’Qualitéit vum ugebuedene Museksunterrecht, mee och op déi sproochlech Qualitéit vun der Wëssensvermëttlung an de Museksschoulen negativ auswierke kéinten.

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi eng spezialiséiert Formatioune ginn et am Ablack fir Museksproffen op Master-Niveau, déi sech a komplexe musikalesche Fachberäicher – z.B. Museksgeschicht, Harmonie musicale, Geschicht vun der Instrumentalpedagogik – oder op spezialiséiertem Instrumentalniveau weiderbilde wëllen? 
  • Ginn et fir zukünfteg oder nominéiert Museksproffe spezialiséiert Formatioune fir sämtlech Instrumenter, déi een hei am Land léiere kann?  
  • Kann den Här Minister preziséieren, ob am Ablack spezialiséiert oppen Instrumental-Master Classes vun nominéierte Professeren aus dem Conservatoire ugebuede ginn, fir de Museksproffen, déi a kommunale Museksschoule schaffen, ze hëllefen, dës Fächer optimal a lëtzebuergescher Sprooch ze ënnerriichten an hire professionellen Niveau opzehéijen?

 

Äntwert: 

De Volet vun der Formatioun fält ënnert d’Responsabilitéit vum Patron; dëst ass an dësem Fall eng Gemeng, e Gemengesyndicat oder e Prestataire, wann d’Gemeng oder de Gemengesyndicat den Enseignement musical engem Prestataire iwwer eng Konventioun uvertraut huet. Den Educatiounsministère bitt iwwer den IFEN nëmmen e klengen Deel vun de Formatioune fir d’Léierpersonal vum Enseignement musical op Gemengenniveau un.

 

 

 

Deel dëse Post: