Fonctionnement vun der Chamber duerch Gast Gibéryen gestäerkt!

Uerteel vun der Chambre du Conseil vun der Cour d’Appel: en Oppositiounspolitiker dierf Informatiounen iwwer Dysfonctionnementer a Staatsservicer gebrauchen, sou datt en seng Roll fir d’Regierung ze kontrolléiere spille kann. Et geet ëm d’Affär ronderëm eng illegal Ecoute vum Geheimdéngscht vun 2017. De Gast Gibéryen profitéiert, dem Uerteel no, vun der parlamentarescher Immunitéit. Et handelt sech dobäi ëm e richtungsweisend Uerteel, och all aner Deputéiert kënnen deemno Infoen iwwer Dysfonctionnementer beim Staat kréien, ouni hir Informante mussen ze nennen.            

Pressekonferenz vum 18. Juni: Ganz Ried vum Gast Gibéryen.  

Aus onerwaarter Richtung kritt d’ADR esouguer Ënnerstëtzung. An engem schaarfe Kommunikee hunn Déi Lénk drop reagéiert, datt de Gast Gibéryen d’Dokumenter vun dëser Geriichtsaffär publik gemaach huet a ginn him 100 Prozent Recht.

 

Deel dëse Post: