Flüchtlingsthematik ass aktuell wéi ni …

De Fernand Kartheiser wëll wëssen, wéi d’Regierung mat kriddelechen Aspekter vun der Flüchtlingsthematik verfiert. An zwou parlamentaresche Froen geet hien elo op deen Thema an. Dobäi geet et engersäits drëm, wéi verfuer gëtt mat deene Leit, déi de Flüchtlingsstatut net kréien, a generell mat Leit, déi sech ouni déi néideg Pobeieren hei am Land ophalen. Och bei der Familljenzesummeféierung ginn et ganz schwiereg Problemer, dat, am Fall vu Polygamie, déi am Land, wou de Flüchtling hirkënnt, legal ass an am Fall vun am Ursprongsland legale Bestietnesser mat Mannerjäregen.

Deel dëse Post: