Flüchtlingen aus dem Afghanistan

Nom Ofzuch vun den internationalen Truppen aus dem Afghanistan ass de Biergerkrich tëscht den Taliban an den afghanesche Regierungstruppen op ville Plazen erëm nei entfacht. Déi prekär Sécherheetslag huet dozou gefouert, datt d’EU-Kommissioun d’Memberstaate vun der EU opgefuerdert huet, op Réckféierungen an den Afghanistan ze verzichten. Doropshin hu sech sechs Länner, nämlech Däitschland, d’Belsch, Holland, Dänemark, Éisträich a Griicheland, un d’EU-Kommissioun gewandt a verlaangt, datt Réckféierunge vun ofgeleenten afghaneschen Asylbewerber a vun Afghanen, déi stroffälleg gi sinn, net ënnerbrach sollte ginn. Iwwert dës Initiativ, sou de Minister Jean Asselborn an engem Interview mam däitschen Tagesspiegel, „kéint hie just de Kapp rëselen“. Wat bedeit dës Ausso fir Lëtzebuerg?

Deel dëse Post: