Flotten Diskussiounsowend mam Birgit Kelle

E Freideg, de 17. September 2021 hat d’ADR déi bekannt däitsch Journalistin a Publizistin Birgit Kelle fir e Virtrag zum Thema “Noch Normal? Das lässt sich Gendern” zu Besuch. D’Madamm Kelle ass an hirem Virtrag op d’Geschicht an d’Originne vun der sougenannter Gender Sprooch agaangen, huet elaboréiert wéi eng fräiheetsfeindlech Agenda sech dohannert verstoppt a Liicht an d’Donkel bruecht, wien eigentlech finanziell alles vun dëser forcéierter, ideologescher Debatt profitéiert.

Nom Virtrag haten d’Leit d’Méiglechkeet eege Froen ze stellen, wat zu engem flotten a liewegen Debat gefouert huet. Den Evenement ass mat engem Ausfluch an d’Stater Nuetsliewen ausklénge gelooss ginn.

Deel dëse Post: