Flop vun der EU-Klimaentwécklungspolitik

D’EU huet fir 729 Milliounen Euro en eegene Fong fir Klimaentwécklungshëllef gestart. Wéi den EU-Rechnungshaff festgestallt huet, huet de Projet bei wäitem net dat gehalen, wat de Leit versprach gouf. D’Sue sinn trotzdeem fort. Wëll d’Regierung sech zu Bréissel fir e méi effizienten Asaz vun ëffentleche Sue staarkmaachen?

Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:

Här President,

Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltminister an den Här Kooperatiounsminister weiderzeleeden.

Am Artikel “Klima-Entwicklungshilfe der EU war ein Flop”, deen de 17. Februar an der WOXX publizéiert gouf, heescht et, datt den 2007 lancéierten EU-Projet an Héicht vun der Allianz géint de Klimawandel an Héicht vu 729 Milliounen Euro net zu de versprachene Resultater gefouert huet. Dem Rapport vum EU-Rechnungshaff no heescht et zum Beispill, datt virun allem déi besonnesch betraffe Länner kaum an de Genoss vun dësen Hëllefe komm wieren, datt d’Sue virun allem an den Opbau vun Institutioune gefloss wieren an d’Sue kaum bei de Leit selwer ukomm wieren.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Regierung chiffréieren, wéi een Undeel vun dësen 729 Milliounen Euro op Suen aus dem Lëtzebuerger Bäitrag zur EU-Finanzéierung entfalen?
  • Wéi eng Schrëtt wäert d’Regierung zu Bréissel proposéieren, fir esou e Verbëtze vun ëffentleche Suen zukünfteg ze evitéieren, zum Beispill, andeems esou Projete besser op hir Ëmsetzbarkeet gepréift a méi reegelméisseg auditéiert ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

 

Deel dëse Post: