Fläissaarbecht a Rationalitéit …

Et gëtt Fläissaarbechten, déi kéinte méi rational gemaach ginn. Zënter Joeren ass d’Regierung am Gaang Accorden mat deene 27 aneren EU-Länner ze maachen an ze ratifizéieren. En Dënschdeg, de 14. Juni ware Groussbritannien an Irland un der Rei. D’ADR huet fir den Accord gestëmmt. De Fernand Kartheiser huet allerdéngs gewënscht, vläit méi därer Accorden mat ähnlechem Inhalt vläit en bloc ze behandelen fir datt deen Dossier europawäit vläit méi séier kéint ofgeschloss ginn.

Deel dëse Post: