Fiskalpakt: Vun Demokratie keng Spuer, mä nach ass et net ze spéit!

Wann d‘Chamber muer iwwert den europäeschen Traité fir Stabilitéit, Koordinatioun a Gouvernance, de sougenanntenen EU-Fiskalpakt, ofstëmmt, da gëtt net nëmmen déi budgetär Souveränitéit vu Lëtzebuerg, mä de Prinzip selwer vun der Demokratie op en Neits mat Féiss getrëppelt an iwwer Bord geworf. Besonnesch traureg, mä net verwonnerlech, ass d‘Attitude vun der DP, déi hirer Roll als Oppositiounspartei absolut net gerecht gëtt. Der ADR no missten d’Bierger am Kader vun engem Referendum d’Méiglechkeet kréien, fir sech zum EU-Fiskalpakt z’äusseren.

Muer stëmmt d’Chamber iwwert de sougenanntenen EU-Fiskalpakt of, deen eng Rei gravéierend Konsequenze fir Lëtzebuerg huet. D’Länner, déi en ënnerschriwwen hunn (all d’EU-Staaten, ausser der Tschechescher Republik an dem Vereenegte Kinnekräich), engagéiere sech ënnert anerem kee Budgetsdefizit ze hunn, deen iwwert der Grenz vun 3% vum PIB läit. Gëtt dëst net respektéiert, kënnen déi europäesch Instanzen am Kader vun engem „programme de partenariat budgétaire et économique“ agräifen. Ënnert dësem Fachjargon verstoppt sech eng batter an anti-sozial Realitéit: weder d’Regierung nach d’Chamber géifen iwwert méiglech Konsolidéierungsmoossnamen decidéieren, mä Bréisseler Technokraten.

Jiddferengem, deen zu Lëtzebuerg an der politescher Verantwortung ass, misst bei der Virstellung vun esou enger Situatioun, mat all hire Konsequenzen, d’Schudderen de Réck eroflafen. Mat Ausnam vun der ADR schéngt sech awer keng Partei un dësem inakzeptable Verzicht op déi budgetär a politesch Souveränitéit ze stéieren.

Net nëmmen iwwert d’Implikatioune vum EU-Fiskalpakt mécht sech d’ADR suergen, mä och iwwert d’Aart a Weis, wéi en de Bierger opgezwonge gëtt. Déi zoustänneg Chambercommissioun huet an enger eenzeger Sëtzung iwwert den deementspriechende Gesetzesprojet diskutéiert. E méi breeden ëffentlechen Debat war och net erwënscht.

De Staatsrot weist a sengem Avis mat Recht drop hin, datt d’EU-Staaten duerch de Fiskalpakt nei Kompetenzen un den Europäesche Geriichtshaff an un déi Europäesch Commissioun ofginn. Aus deem Grond wier, wéi bei enger Verfassungsännerung, eng Zweedrëttelmajoritéit an der Chamber néideg. Vrun allem d’DP, déi hiren Accord zum Gesetzesprojet bekannt ginn huet an domadder praktesch all weider Diskussioun ënnerbënnt, schéngt komplett vergiess ze hunn, wat et eigentlech heescht grad als Oppositiounspartei d’Intressie vun de Bierger ze verdeedegen.

Déi potentiell Konsequenze vum Fiskalpakt sinn esou gravéierend, datt der ADR no e Referendum hätt missen organiséiert ginn. Duerch de Parallelismus, deen de Staatsrot beim Vote vun dësem Gesetz mat enger Verfassungsännerung hirstellt, wierft d’ADR muer an der Chamber d’Fro vun der geneeër Prozedur op. Am Fall wou et méiglech wier, muss den zweete vote consitutionnel duerch eng Volleksofstëmmung kënnen ersat ginn. Nach ass et net ze spéit fir esou eng Initiativ am Intressi vun eiser Demokratie duerchzeféieren!

Deel dëse Post: