Firwat verloossen esou vill Beamten d’Police?

Den 28. Abrëll 2023 goufen 176 nei Poliziste vereedegt. Esou wéi um Site vun der Police ze liesen
ass, huet et sech ëm déi éischt Vereedegung vun neie Beamten zënter dem Dezember 2021
gehandelt. Wärend deem Zäitraum sinn eng 123 Agenten aus ënnerschiddlechen Ursaachen aus
dem Déngscht ausgescheet, sou datt um Enn e Saldo vu 53 zousätzlechen Agente steet.

De Fernand Kartheiser huet an deem Kader eng parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn, aus wei enge Grënn d’Leit d’Police verlooss hunn.

Deel dëse Post: