Firwat nach waarde mam Verdeele vun de Masken?

An deene leschten Deeg goufen och déi lescht vun deene 27 Milliounen Otemschutzmaske vun de Verdeelungszentere vum CGDIS un d’Gemengen ausgeliwwert.

D’Arméi huet scho vum 12. Mee un Masken un d’Grenzgänger verdeelt. De Syvicol huet als Stéchdatum de 25. Mee fir d’Verdeele vun den Otemschutzmasken un d’Leit festgeluecht.

An den Ae vun der ADR ass dëse Schrëtt net nozevollzéien: Firwat soll eis Bevëlkerung eréischt 13 Deeg, nodeems schonn d’Pendler mat Otemschutzmaske versuergt goufen, hire Gesiichtsschutz kréien? An deem Kader muss ee besonnesch och un eis Matbierger denken, déi opgrond vun hirem Alter, Virerkrankungen oder anere Grënn zu der Risikogrupp gehéieren a wou adaptéiert Schutzmoossnamen, zu deenen eben och d’Otemschutzmaske gehéieren, scho mol iwwert Liewen an Dout entscheede kënnen. Et ass an deem Sënn méi wéi onglécklech an doriwwer eraus och net logesch, datt vill Leit sech elo Otemschutzmaske musse kafen, déi si da méi laang droen, ewéi virgesinn, well dës zu iwwerdeierte Präisser verkaaft goufen.

D’ADR riicht an deem Kontext en dréngenden Appell un d’Gemengen, net eréischt bis de 25. Mee ze waarden, mee d’Otemschutzmasken elo schonn a sou séier wéi méiglech un d’Leit ze verdeelen.

ADR-Pressematdeelung vum 14. Mee

Deel dëse Post: