Firwat keng Gewerkschaftsvertrieder an der Klimaaktiounsplattform?

D’Regierung wëll d’Zivilgesellschaft bei hirer Klimapolitik, no eegener Ausso “mat abezéien”. Duerfir gëtt aktuell eng Diskussiounsplattform gegrënnt, wou déi verschidde gesellschaftlech Interessegruppe solle vertruede ginn. Allerdéngs gehéiert dozou keen eenzegen direkte Gewerkschaftsvertrieder, wat bei deene betraffenen Organisatioune fir vill Erstaune gesuergt huet. An och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser bezweifelt, datt hei d’gesellschaftlech Realitéit ofgebillt gëtt a wëll vun der Regierung wëssen, wéi dës Decisioun motivéiert war.

Deel dëse Post: