Firwat keng EU-Extrawurscht fir Lëtzebuerg?

Bei der Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv an der Chamber, en Dënschden, den 23. Februar, huet de Gast Gibéryen e puer onkamoud Froe gestallt. Well net nëmmen dem David Cameron säi Groussbritannien kritt flappeg finanziell Extrawurschte gebroden a bezilt manner u Bréissel wéi et eigentlech misst. Mat Däitschland, Holland, Schweden, Dänemark an Éisterräich hunn e puer vun deene räichsten europäesche Länner Extramodalitéiten, wat hiren EU-Bäitrag ugeet. Just Lëtzebuerg bezilt brav an domm all Cent, dee Bréissel verlaangt … an dat passt dem Gast Gibéryen iwwerhaapt net.

Deel dëse Post: