Anscheinend bitt den INLL keng C2-Zertifikater fir Lëtzebuergesch un. D’Lexy Schoos geet där Saach op de Grond.
Fro:
An engem eis zougedroene Fall gouf enger Persoun, déi um Institut national des Langues Luxembourg eng Weiderbildung a Lëtzebuergesch absolvéiere wollt, vum INLL matgedeelt, dass hir keen C2-Sproochenzertifikat ausgestallt kéint ginn, mee just en C1-Zertifikat.
Virun deem Hannergrond géif ech dem Här Minister gär follgend Froe stellen:
- Bitt den INLL fir eis Landessprooch grondsätzlech kee standardiséierten C2-Zertifikat geméiss dem Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen un?
- Wa jo: Aus wéi enge fachlechen oder organisatoresche Grënn gëtt keen C2-Zertifikat ugebueden?
- Wann dach: Wéi eng Viraussetzunge mussen erfëllt sinn, fir en C2-Zertifikat ze kréien? Ginn et Persounegruppen, deenen een C2-Zertifikat grondsätzlech net ausgestallt gëtt?
- Spillt d‘Nationalitéit an iergendenger Weis eng Roll bei der Zouloossung zu Prüfungen oder bei der Ausstellung vun Zertifikater am Fach Lëtzebuergesch?
- Wa jo: Ass d’Regierung der Meenung, dass dës Reegelung mam Gläichheetsgrondsaz vun alle Bierger, wéi en an der Verfassung festgeschriwwen ass, kompatibel ass?
Äntwert:
1.
Den Institut national des langues Luxembourg (INLL) bitt am Kader vum Diplom Lëtzebuergesch als Friemsprooch (Diplom LaF), dem eenzegen offiziellen Diplom fir seng Kenntnisser am Lëtzebuergeschen zertifizéiert ze kréien, de Moment kee Certificat fir den Niveau C2 un. De genannten Diplom gëtt aktuell fir d’Niveauen A2, B1, B2 an C1 ugebueden.
2. an 3.
Den Niveau C2 entsprécht, am Sënn vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen, enger quasi mammesproochlecher Kompetenz, deelweis geet den C2 souguer doriwwer eraus. Den C2 verlaangt z.B. d’Beherrsche vun abstrakte Begrëffer a vun héich komplexen Argumentatiounsstrukturen. Fir en C2 Niveau attestéiert ze kréien, muss ee fäeg sinn, souwuel mëndlech wéi och schrëftlech, analytesch argumentéieren ze kënnen an dëst deels op engem akademeschen Niveau. Et kann een also feststellen, datt esouguer net all Mammesproochler all déi gefuerdert Kompetenzen op dësem Niveau beherrscht respektiv just deelweis beherrscht. Och ass d’Standardiséierung vun der lëtzebuergescher Sprooch nach net an all Beräich ofgeschloss, wat eng präzis Ofgrenzung tëschent de Niveauen C1 a C2 erschwéiert.
4. a 5.
D’Nationalitéit spillt keng Roll bei der Zouloossung zu de Prüfunge vum Diplom LaF. All Persoun, déi sech prett fillt, kann sech fir een Niveau umellen an da wielen, a wat fir enge Kompetenzen (liesen, lauschteren, schreiwen a schwätzen) se sech teste loosse wëllt. Weider Informatiounen zum Oflaf vum Test, zu den Datumen an den ugebuedene Niveaue sinn um Internetsite vum INLL (www.inll.lu) ze fannen.